WËLLKOMM!

Wëllkomm op MA(mma) WAT KAche mer haut (MAWAKA)!

Op dëser Säit fannt dir e Blog a Rezepter fir mat Kanner ze kachen an ze baken. Alles dréit sech hei ëm d’Kanner an si solle kënne wéi kleng Cheffen 👩‍🍳🧑‍🍳 hir kulinaresch Fäegkeeten 🍳 entwéckelen.

Et si méi einfach Rezepter dobäi, méi schwéierer, méi gesonder 🥗🍓🍉, méi manner gesonder 🧁🥧🍫🙈, jidderee kann sech dat eraussiche wat him schmaacht a gefält 😋.

Nieft de Rezepter gëtt et och nach de Mawaka-Shop 🛒🛍, wou ee kannergerecht Kichenutensilien ka kafen. Mir hunn dës selwer getest 🧐 a verkaf gëtt nëmmen dat vun dem mir iwwerzeegt sinn a wat mir och heiheem am Alldag benotzen. Et sinn originell an héichwäerteg Utensilien, déi mir nëmme kënne weider empfeelen 👍.

Mawaka bréngt och reegelméisseg Bakkëschte fir Kanner 🎁👩‍🍳🧑‍🍳 eraus.

Eng Këscht made in 🇱🇺, e Rezept, Drécheningrediente prett fir ze benotzen a verschidden Utensilien, erhältlech a 4 Sproochen 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧.

Dat heescht vill Freed fir d’Kanner an der Kichen 🥳 an manner Stress fir d’Elteren 🧘‍♀️🧘‍♂️. Wat wëll ee méi 😉?

Mëttlerweil hunn mir schon vill zefridde Gesichter gesinn 🥰 an et ass eng richteg Mawaka-Communautéit entstanen, déi et kaum kann erwaarden, déi nei Bakkëscht heem geschéckt ze kréien a mat Bake lass ze leeën.

Wann dir och wëllt Deel si vun dëser Mawaka-Communautéit, da schreift iech fir d’Newsletter ✉️📬 an a mir halen iech da reegelméisseg iwwer d’Neiegkeeten um Site um Lafenden.

Mir sinn och op Facebook an Instagram.

Mir wënschen iech vill schéi Momenter an der Kiche mat eiser Säit!

Juju 👩‍🍳, Filou 🧑‍🍳 a Mamma Joëlle

Aktuell Beiträg

Blog

Kéiséckerkichelcher Bakkëscht

 

 Contenu vun der Këscht 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch au choix 🇱🇺🇩🇪🇫🇷 1 QR-Code mat Erklärungen an Iwwersetzungen op 🇱🇺🇫🇷🇩🇪 Miel, Zocker, Schockela, Zockerpärelen Bakpabéier, Ausstiechform Igel, Zännstocher Informatiounen D’Ingrediente sinn a verschidden Titercher verpak, déi nummeréiert sinn an wärend dem Rezept solle benotzt ginn.

Blog

Grujeltäertercher Bakkëscht

 

 Contenu vun der Këscht 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch au choix 🇱🇺🇩🇪🇫🇷 1 QR-Code mat Erklärungen an Iwwersetzungen op 🇱🇺🇩🇪🇫🇷 Miel, Zocker, brongen Zocker Bakformen aus Pabéier, Halloweenbiller, Zännstocher Informatiounen D’Ingrediente sinn a verschidden Titercher verpak, déi nummeréiert sinn an dann wärend dem Rezept solle benotzt ginn.

Blog

Mawaka Bakkëscht

 

 Informatiounen zur Këscht 🥁 Happy news 🥁: déi nei Këschte fir den Hierscht 🍂🦔🍄🎃sinn do! Wéi? Wat? Wou? Dir kaaft online eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka a kritt se heem geliwwert. Do ass dran: 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷 1 QR-Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen an 3 […]

Blog

Fréijoerskichelcher Bakkëscht

 

 Contenu vun der Këscht 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch au choix 🇱🇺🇫🇷🇩🇪🇬🇧 1 QR-Code mat Erklärungen an Iwwersetzungen op LU🇱🇺, DE🇩🇪, FR🇫🇷, EN🇬🇧 Miel, Zocker, Pudderzocker, Zockerpärelen an Deko 1 Bakpabeier, 3 Ausstiechformen, 1 Zellophanstut, 1 Bändchen Informatiounen D’Ingrediente sinn a verschidden Titercher verpak, déi nummeréiert sinn an wärend […]

Blog

Scheewercher Bakkëscht

 

 Contenu vun der Këscht 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch au choix 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧 1 QR-Code mat Erklärungen an Iwwersetzungen op LU 🇱🇺, DE 🇩🇪, FR 🇫🇷, EN 🇬🇧 Miel, Zocker, Pudderzocker, Daler aus Schockela, Zockeraen, Bakpolver, Vanillinszocker Muffinneformen, Dull, Sprëtzbeidel Informatiounen D’Ingrediente sinn a verschidden Titercher verpak, déi nummeréiert sinn […]

Blog

Mawaka Bakkëscht

 

 Informatiounen zur Këscht Et ass nees esou wäit: Mawaka ass stolz iech seng zweet Bakkëscht ze presentéieren 🤗! Nom Succès vun der éischter Këscht fir Chrëschtdag geet et weider.  Dir kritt eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka heem geliwwert.  Do ass dran: – 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧 – […]