Month: May 2020

Mir baken eng Rubbarbstaart

“Maaaamma, wat ass dat?”, huet de Filou mech deslescht am Supermarché gefrot an huet op de Rubbarb gewisen. Dunn hunn ech him direkt erzielt datt meng Boma ❤️ däers fréier am Gaart hat a mir heiansdo e grousst Blat ofgeschnidden huet fir ze spillen. Dat war dunn wärend enger gudder Weilche mäin Prabbeli an domadder sinn ech […]

 

Mir maache Weesstortillaen

Wéi mir deslescht wollten Fajitas maachen, waren d’Tortillaen am Supermarché leider ausverkaf 🤷‍♀️. Dunn hunn mir kuerzerhand decidéiert, selwer Weesspanescher ze maachen. Et ass zwar e bëssen méi Aarbecht domadder verbonnen mee et ass een herno ëmsou méi stolz 💪, datt alles wat am Teller ass, homemade ass. An ech muss soen, d’Tortillaen waren richteg […]

 

Mir maache Fajitas mat Poulet

“Maaaaammma! Wéini maache mer mol nees emol Fajita?”, ginn ech moies vu menge Kanner gefrot. An effektiv ass et schonn nees eng Zäitchen hier datt mer där giess hunn.  Well mer deen Dag och weider näischt vir hunn, soen ech mer: “Firwat net?”  Direkt zum Rezept Also maache mir eng Akafslëscht a fueren an de Buttek. Do fanne mir […]

 

Éischten Post op menger Säit

Wow, endlech ass et esou wäit, ech hunn mäin eegenen Blog 🥳 Ech kann et ëmmer nach net gleewen. Säit Joeren a Méint schwieft dëst mer am Kapp an elo an Corona-Zäiten ginn mol Neel mat Käpp gemaach! Och wann de Moment nach guer näischt Gescheites op dëser Säit ze fannen ass, sinn ech lo schonn säit gutt […]