Éischten Post op menger Säit

Wow, endlech ass et esou wäit, ech hunn mäin eegenen Blog 🥳 Ech kann et ëmmer nach net gleewen. Säit Joeren a Méint schwieft dëst mer am Kapp an elo an Corona-Zäiten ginn mol Neel mat Käpp gemaach! Och wann de Moment nach guer näischt Gescheites op dëser Säit ze fannen ass, sinn ech lo schonn säit gutt 2 Wochen am gaangen drun ze schaffen. D’Grondiddi ass e Blog ze hunn mat flotten Rezepter fir mat sengen Kanner ze kachen oder ze baken. Et ginn sou vill Kachsäiten mee des Säit ass éischter geduecht datt d’Kanner am Mëttelpunkt sollen stoen. Wéi, wat, wou weess ech awer selwer och nach net. Fir d’éischt muss ech mol hei verstoen wéi een sou eng Säit uerdentlech opbaut an dat kann mat mengen Kenntnisser nach e bëssen daueren 😖

 

Comments are closed.