Mir maache Fajitas mat Poulet

“Maaaaammma! Wéini maache mer mol nees emol Fajita?”, ginn ech moies vu menge Kanner gefrot. An effektiv ass et schonn nees eng Zäitchen hier datt mer där giess hunn. 

Well mer deen Dag och weider näischt vir hunn, soen ech mer: “Firwat net?” 

Direkt zum Rezept

Also maache mir eng Akafslëscht a fueren an de Buttek. Do fanne mir och alles wat mir brauchen, hmmm, also bal alles. Nämlech ass de ganze Fajita-Rayon eidel, näischt méi! Ah jo, et hunn a COVID-Zäiten nees Hamsterkeef stattfonnt. De Moment schénge Fajitas vill gefrot 😆!

Mee dat ass kee Problem, da bake mir d’Tortillaen ebe selwer. Mëttlerweil ass jo nees Miel am Rayon. Et kann een eben net alles hunn … 🤷‍♀️

Doheem ukomm, leeë mir direkt lass. Ech kann nëmme staunen, wéi meng Kanner bei all Kachaktivitéit ëmmer méi selbstänneg ginn. Am Ufank hunn ech nach gezweiwelt, menge Kanner e richtegt Messer an de Grapp ze ginn, mee mëttlerweil maachen si dat richteg gutt. Natierlech loossen ech si net aus den Aen a paken och eng Hand mat un mee et geet ëmmer besser.

No enger Zäitchen ass dann och schonn alles sou wäit fäerdeg. Ech muss soen, dëst Rezept muss ee maache wann ee gutt Zäit huet, well et dauert awer eng Weilche mat de néidege Preparatiounen. Et kann een natierlech och alles an e puer Etappe maachen.

Lo gëtt nach séier den Dësch gedeckt an da muss awer nach jidderee selwer eng Hand um Teller mat upaken. D’Fajita muss nach gewéckelt ginn. Well bei eis doheem gëtt déi mat de Fangere giess an d’Couverte bleiwen des Kéier am Tirang.

An fir sech d’Fanger net ze vill knaschteg ze maachen, gëtt et hei e klengen Trick.


Fajita-Wéckel-Trick

Fir datt beim Iessen deng Fanger propper bleiwen an net alles ënnen aus der Tortilla erausfält, méchs de fir d’éischt eng Couche Guacamole uewen an d’Mëtt op däi Panesch. Duerno, kënnt do e bësse Fleesch mat Geméis op d’Guacamole an dann nach e bësse Cheddar. Et däerf net ze vill sinn (an och net ze mann 😉).

Dann klapps de FIR T’ÉISCHT den ënneschten Deel vun der Tortilla no uewen (ganz wichteg!) an da klapps de d’Säiten no bannen.

An elo hëls de d’Fajita an de Grapp an dréis se awer nach emol ëm (dat wat widder dem Teller war ass lo uewen). D’Ëffnung vun der Fajita kuckt also lo no uewe wann s de ëss an et fält näischt eraus.

Looss der et gutt schmaachen 😋😋😋!


Rezepter

https://mawaka.lu/fajitas-mat-poulet-2/fajitas-mat-poulet-2/
https://mawaka.lu/weesstortillaen-2/weesstortillaen-2/
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*