Fajitas mat Poulet
Plat : FleeschCuisine : MexikoDifficulté : mëttelCouverten
4
CouvertenVirbereedungszäit
45
minutesKachzäit
30
minutesRezept fir 4 Persounen (2 Erwuessener an 2 Kanner)
Dozou passt d’Rezept Weesstortillaen
Ingrediente
600 g blanc de poulet
1 rout Zwiwwel
1 roude Paprika
1 grénge Paprika
1 giele Paprika
2 Avocadoen
Jus vun enger halwer Limette
150 g Cheddar
Salz
Peffer
4 Iessläffel Olivenueleg
8 Tortillaen aus Weess
Zoubereedung
- Iers de ufänks, solls de deng Hoer zesumme maachen, e Schiedeg undoen an deng Hänn gutt wäschen.
- Mir fänke mat der Zwiwwel un.
Schiel di rout Zwiwwel mat engem Knäipchen a schneit se a kleng Wierfel. Stell di kleng geschnidden Zwiwwel an enger Schossel op d’Säit. - Elo sinn d’Paprikaen drun.
Schneid mam Knäipche ronderëm de Stronkan zéi dann de Stronk einfach eraus.
Duerno schneits de de Paprika an Véierel
an dann hëls de dat wäisst an d’Käre mat de Fangeren eraus.
Elo de Paprika nach gutt mat kalem Waasser wäschen.
Duerno schneits de de Paprika an dënn Sträifen a stells en op d’Säit. - Elo preparéiere mer de Poulet.
Schneid dat wäisst Fett vum Poulet erof.
Schneid en elo a kleng Sträifen an lee en op d’Säit. - Lo komme mer zu den Avocadoen.
Schneid d’Avocadoen an zwee, huel de Steen eraus
an hieleg d’Avocadoe mat engem Zoppeläffel aus.D’Fruuchtfleesch méchs de an eng Schossel an zerdrätschs et mat enger Forschett.
Dann schëtts de de Limettejus dobäi, méchs Peffer a Salz drop, réiers dat ganzt gutt an stells et och op d’Säit. - Elo kënnt de Kéis drun.
Rapp de Cheddar mat enger Rapp a maach de Kéis dann an eng Schossel. Pass gutt op deng Fanger op! Stell och des Schossel op d’Säit.
- Huel elo eng grouss Pan a stell se op d’Kachplack. Schëtt 2 Iessläffel Olivenueleg dra mat den Zwiwwelen a maach d’Plack un (Mëttelstuf).
Réier mat engem Bräiläffel an den Zwiwwele bis se glaseg sinn.
Schëtt elo de Paprika dobäi a looss dat ganzt 10 Minutte kache bis de Paprika e bësse mëll gëtt.
Huel lo nees dat ganzt aus der Pan a brot dann de Poulet an der Pan un (Plack ganz waarm) mat 2 Iessläffel Olivenueleg.
Wann de Poulet op allen Säiten ugebroden ass, kanns de d’Plack nees méi kleng dréien (Mëttelstuf) an de Paprika mat den Zwiwwelen nees dobäi schëdden.
Wierz dat ganzt mat Peffer a Salz a looss et nach eng 5 Minutte brutschelen. - Wierm d’Tortillaen an enger Pan (Mëttelstuf) op béide Säiten.
(Du kanns fäerdeg Tortillae kafen oder se selwer maachen.) - An elo gëtt endlech giess!
Deck den Dësch a stell d’Guacamole, de Kéis, de Poulet mam Paprika op den Dësch.
Gëff jidderengem eng gewiermten Tortilla op den Teller an elo ka jiddereen sech seng Fajita selwer um Teller preparéieren an iessen. (Fajita-Wéckel-Trick)
D’Juju an de Filou 👩🍳🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!