Weesstortillaen

Weesstortillaen

Recipe by Joelle2021Course: Panescher an TortillaenCuisine: AmerikaDifficulty: mëttel
Couverten

4

Couverten
Virbereedungszäit

1

hour 
Kachzäit

15

minutes

Dëst Rezept passt ganz gutt bei d’Rezept Fajitas mat Poulet

Ingrediente

  • 240 ml Waasser

  • 400 g Miel

  • 1 Téiläffel Salz

  • 2 Iessläffel Olivenueleg

Zoubereedung

  • Iers de ufänks, solls de deng Hoer zesumme maachen, e Schiedeg undoen an deng Hänn gutt wäschen.
  • Schëtt d’Miel an d’Salz an eng Schossel a mësch alles gutt.
  • Maach eng kleng Kaul an der Mëtt a schëtt do den Olivenueleg dran.
  • Maach d’Waasser an enger Kasserolle waarm (bis et kacht) a schëtt et bei d’Miel dobäi.

  • Réier elo mam Bräiläffela wann et net méi ze waarm ass kniets de mat den Hänn bis de eng glat Boule Deeg hues.
    Pass gutt op datt s de dir d’Fangeren net verbrenns!
    Looss de fäerdegen Deeg lo fir 30 Minutte rouen.
    Am beschte lees de e fiicht Duch drop datt den Deeg net dréche gëtt.
  • Deel den Deeg elo mat engem Messer an 8 gläich grouss Stecker a form aus all Deel eng Boule. 
  • Maach dann Miel op d’Aarbechtsfläch, op d’Fangeren an op d’Deegrull datt et net pecht.
    Rull den Deeg sou dënn aus wéi et geet (ganz wichteg). 
  • an dann och nach emol op där Säit brode bis och do hellbrong Punkte sinn. 
     
    D’Juju an de Filou 👩‍🍳🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!Elo ginn d’Panescher eenzel an enger Pan ugebroden OUNI Fett.
    D’Pan muss gutt waarm sinn an du muss gutt oppassen datt d’Panescher der net schwaarz ginn!
    Wann op där enger Säit hellbrong Punkte si muss de de Panesch ëmdréienan dann och nach emol op där Säit brode bis och do hellbrong Punkte sinn. 
     
    D’Juju an de Filou 👩‍🍳🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*