Mir maache Weesstortillaen

Wéi mir deslescht wollten Fajitas maachen, waren d’Tortillaen am Supermarché leider ausverkaf 🤷‍♀️. Dunn hunn mir kuerzerhand decidéiert, selwer Weesspanescher ze maachen. Et ass zwar e bëssen méi Aarbecht domadder verbonnen mee et ass een herno ëmsou méi stolz 💪, datt alles wat am Teller ass, homemade ass. An ech muss soen, d’Tortillaen waren richteg lecker (och wann se net grad sou mell waren wei déi aus dem Buttek, mee dofir weess een och wat dran ass 🧐).

D’Fajitas kommen jo ursprénglech aus Mexiko 🇲🇽, wou se am Fong mat Maistortillaen giess ginn. Mir hunn eis awer lo fir Weesstortillaen entscheet, sou ginn d’Fajitas éischter an den USA preparéiert an déi schmaachen och gutt. 

Direkt zum Rezept

Wann der net wëllt alles an engem Dag maachen, kann een och d’Tortillaen den Dag virdrun preparéieren an an engem fiichten Duch halen oder et kann een se och afréieren. Dat ass och ganz praktesch. Allerdéngs muss een oppassen, datt se net an der Truh uneneen pechen. Dofir kann een Broutpabeier dertëschent leen oder se e bëssen versat openeen leeën. Wann een se dann well benotzen, einfach de Panesch an der Pan vun béiden Säiten wiermen (ouni Fett).

Mir hunn elo d’Tortillaen fir d’Fajitas benotzt, et kann een se awer grad esou gutt fir aner Saachen huelen, sief et gefëllt am Schäffchen, gratinéiert, als kalen Wrap … 🌯

Fajitarezept

Egal wat dir elo mat ären Tortillaen maacht, mir wënschen iech vill Spaass beim nokachen an hoffen datt se iech gutt schmaachen 😋.

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*