Mir baken eng Rubbarbstaart

“Maaaamma, wat ass dat?”, huet de Filou mech deslescht am Supermarché gefrot an huet op de Rubbarb gewisen. Dunn hunn ech him direkt erzielt datt meng Boma ❤️ däers fréier am Gaart hat a mir heiansdo e grousst Blat ofgeschnidden huet fir ze spillen. Dat war dunn wärend enger gudder Weilche mäin Prabbeli an domadder sinn ech dann am Gaart op Entdeckungsrees gaangen.

Direkt zum Rezept

Doropshin hunn ech menge Kanner proposéiert, eng Rubbarbstaart ze baken. Dat hunn ech natierlech net zweemol misse soen, do war jiddereen direkt averstanen 🤗. An wëll et ze vill Rubbarb war, hunn mer direkt zwou Taarte gebak.

Deeg knieden ass flott mee virun allem Deeg schmaachen ass immens 😆

Voller Begeeschterung hunn si den Deeg gekniet, de Rubbarb op der Taart verdeelt an sech gefreet wei d’Taart dunn aus dem Schäffche koum. Ech muss soen, fir eng éischt Rubbarbstaart war d’Resultat richteg gelongen. Wéi mer se dunn geschmaacht hunn, hunn d’Juju an de Filou awer gemengt, Rubbarb wier hinnen awer vill ze sauer, dat wier dann awer éischter näischt fir si 😆. Eis Erwuessenen huet se awer ganz gutt geschmaacht an et wäert net di läscht Rubbarbstaart gewiescht sinn, déi hei am Haus gebak ginn ass 😉.

Wat de Kanner op alle Fall immens vill Spaass gemaach huet, war mam Rubbarb e Muster um Taartebuedem ze maachen. Och wann een d’Muster herno mam Ee an der Ram net méi gesinn huet, waren si awer ganz stolz op hir Deko.

Ech kann dëst Rezept op alle Fall recommandéieren, mir haten e flotten Nomëtten 👍.

Rezept

https://mawaka.lu/rubbarbstaart-2/
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*