Rubbarbstaart

Rubbarbstaart

Recipe by Joelle2021Course: TaartenCuisine: LëtzebuergDifficulty: mëttel
Couverten

6

Couverten
Virbereedungszäit

45

minutes
Bakzäit

30

minutes

Flott Rezept wou di ganz Kleng och scho gutt mathëllefe kënnen.

Ingrediente

  • Fir den Deeg
  • 250 g Miel

  • 125 g mëlle Botter (Zëmmertemperatur)

  • 65 g Zocker

  • 1 Ee

  • Fir d’Taart
  • 4 Iessläffel gemuelen Hieselnëss

  • 500 g Rubbarb

  • Fir d’Crème
  • 2 Eeër

  • 200 ml Ram

  • 75 g Zocker

Zoubereedung

  • Iers de ufänks, solls de deng Hoer zesumme maachen, e Schiedeg undoen an deng Hänn gutt wäschen.
  • Schëtt d’Miel an den Zocker an eng Schossel a vermësch dat ganzt mat engem Läffel.
  • Gëff d’Ee dobäi.
  • Schneid de Botter a kleng Stécker a maach en bei di aner Saachen an d’Schossel.
  • Lo muss alles mat den Hänn gutt gekniet ginn bis eng glat Boule Deeg entsteet.
    (Mir knieden ëmmer fir t’éischt an der Schossel an duerno schëdden mer alles op d’Aarbechtsfläch an knieden dann do weider.)
  • Lee elo den Deeg an eng Schossel an deck se mat engem Teller zou.
    Stell dat ganzt fir 30 Minutten an de Frigo.
    An där Zäit kanns de de Rubbarb botzen a kleng schneiden.
  • Fir de Rubbarb ze botze schneits de de Wutz uewen (mam Blat falls dat nach drun ass) an de Wutz ënnen ewech.
    D’Blat gëtt net benotzt, et ass net fir z’iessen.
    Dann schiels de de Rubbarb an zitts d’Faseren erof.
    Soss schmaacht herno alles haart a stréieg.
  • Lo kanns de de Rubbarb a Stécker schneide wéi et dir gefält. Méi kleng Stécker, méi laang Stécker, ronn Stécker, dat ass dir iwwerlooss.
  • Huel elo den Deeg aus dem Frigo, maach Miel op d’Aarbechtsfläch an op den Deeg a rull dësen 0,5 cm aus.
    Den Deeg soll esou grouss ausgerullt sinn datt en an d’Taarteform (mam Bord) passt.
    Vergiess net d’Taarteform mat Ueleg anzefetten oder mat Bakpabeier auszeleeën.
    Probéier den Deeg an d’Form ze leeën, ouni datt en futti geet. Schneid mat engem Messer de Bord, den iwwersteet ewech.
  • Mat de Stécker, déi ze vill sinn, kanns de den Deeg flécken. Iwwerall wou e Rass oder e Lach ass, stopps de alles mat Deeg zou.
    Et däerfen herno keng Rëss a keng Lächer méi dra sinn.
  • Huel eng Forschett a pick Lächer an den Deegbuedem.
    Pass op datt s de net ze fest drécks, den Deeg däerf net futti sinn an d’Lächer sollen net bis op de Fong goen!
    Dat ass fir datt den Deeg herno beim Bake keng Blose mécht.
  • Huel di gemuelen Hieselnëss a stree se iwwer den Deegbuedem.
  • Lo kanns de de Rubbarb op der Taart verdeelen.
    Du kanns e schéint Muster leeë wann s de wëlls.
    Looss denger Fantasie fräie Laf.
  • De Bakuewen 10 Minutte virhëtzen op 180 °C (Ober- und Unterhitze).
  • Elo preparéiers de d’Crème fir deng Taart. Gëff d’Eeër, d’Ram an den Zocker an eng Schossel an réier alles gutt mat engem klengen Schnéibiesem.
  • Schëtt dat ganzt dann direkt op d’Taart an pass gutt op datt d’Crème net iwwert de Bord ënner d’Taart leeft.
  • D’Taart fir ongeféier 30 Minutte baken.
  • Wann d’Taart kal ass kanns de nach Pudderzocker mat engem Sift doriwwer streeë mee dat muss awer net sinn.

    D’Juju an de Filou 👩‍🍳🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!

Notes

  • Du kanns fir dëst Rezept och anert Uebst huelen, allerdéngs kënnt dann e bësse manner Zocker an d’Crème.
  • Rubbarbstaart
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*