Mir bake Bengelbrout

Dëse Weekend hunn mir decidéiert, e Camper ze lounen an an d’Éislek ze fueren. Mir hunn eis bewosst e méi klenge Camping erausgesicht fir mol sou richteg ofzeschalten. An dat ass eis op der Toodlermillen 🏕 och richteg gelongen. No kuerzer Rees si mer op enger wonnerschéiner, charmanter Plaz direkt un der Sauer ukomm. Den Handy hunn mer dunn direkt op d’Säit geluecht well mer souwisou do kee Reseau haten. Wow! Et ginn also nach Plazen zu Lëtzebuerg wou een net direkt erreechbar ass! 🤗 Ech fannen dat immens! Mäin Mann gesäit dat e bëssen anescht 😖 an ass och dunn scho kuerz drop mat engem Wifi Code aus der Receptioun komm, sou datt mer dunn schlussendlech awer e bëssen erreechbar waren 😉.

Direkt zum Rezept

Op alle Fall hat des Plaz ganz vill ze bidden, eng schéi Spillplaz a vill Gréngs mat villen Aventure- a Spillgeleeënheeten. An da war do nach den Highlight: d’Sauer. Ween huet net op mannst eng Erënnerung aus senger Kandheet, wou en an enger Bach gepiddelt huet. Do kann och di beschte Schwemm mat de flottste Rutschbanen a mengen Aen net mathalen. Dat hei war Natur pur 🌳🌿🌼🧘‍♀️🙏. Eis Kanner hunn sech hei köstlech amuséiert. Sief et mat engem Netz kleng Fësch ze fëschen, déi mer selbstverständlech direkt nees fräi gesat hunn, mat engem Reef oder engem Mini-Schlauchboot der Stréimung no ze paddelen, probéieren en Staudamm mat Steng ze bauen … alles war méiglech. Net ze vergiessen déi flott Frëndschaften, déi eis Kanner fir kuerz Zäit geschloss hunn. Beim Äddi soe sinn dunn och e puer Tréine gefloss.

D’Sauer war definitiv den Highlight vun onsem Weekend. Natur pur!

Mir hunn natierlech och d’Geleeënheet genotzt fir e bëssen am Fräien ze bastelen an ze kachen. An zwar gouf et owes eist traditionellt leckert Campings-Bengelbrout. Den Deeg hate mir schonn doheem mat der Kichemaschinn preparéiert, sou datt mir dunn um Camping just nach hunn misste Spiisser sichen a schnëtzen an d’Brout baken. Dat mécht de Kanner ëmmer ganz besonnesch Freed. Beim Feier däerfe selwer säi Brout ze bake wéi déi Grouss. 

Bengelbrout däerf beim Campen net feelen 😋.

No zwee Deeg Rou hunn mir dunn nees alles zesumme gepak an waren am Nullkommanichts nees doheem. Ech muss soen, Vakanzdoheem, dat huet schonn eppes. Wann ech vun der Corona-Kris eppes Positives ka soen, dann ass et, datt mir eist Land nees nei entdeckt hunn 🇱🇺 🥰.

https://mawaka.lu/bengelbrout/

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*