Bengelbrout
Course: BroutCuisine: LëtzebuergDifficulty: einfachCouverten
8
CouvertenVirbereedungszäit
1
hourBakzäit
10
minutesDëst Rezept däerf beim Campen net feelen 😋.
Ingrediente
400 g Miel
1 Päckelchen Dréchenhief
1/2 Téiläffel Zocker
1 Téiläffel Salz
3 Iessläffel Olivenueleg
230 ml wotlecht Waasser
frësch Kraider (Thym, Rosmarin, Salbei …)
Zoubereedung
- Wäsch d’Kraider, dréchen se gutt a rapp se vun de Stiller erof. Schneid se mat engem Messer op engem Brietche kleng.
- Schëtt d’Miel, d’Dréchenhief, den Zocker, d’Salz an d’Kraider an eng Schossel a mësch alles gutt mat engem Läffel.
- Schëtt den Ueleg an d’Waasser dobäi a looss d’Kichenmaschinn hier Aarbecht machen (mam Knietkrop, bis e glaten Deeg entstanen ass).
- Looss den Deeg wärend 30 bis 60 Minutten zougedeckt opgoen.
- Sich an der Natur um Buedem laang a riicht Äscht (Duerchmiesser 1-2 cm). D’Äscht sollen dréche sinn an net morsch. Schnëtz mat engem Täschemesser oder Schnëtzmesser den Aascht un der Spëtzt esou, datt et e Spiiss gëtt. Un der Spëtzt soll och keng Schuel méi sinn (20 cm).
Huel eng kleng Boule Deeg, form eng Schlaang domadder a wéckel se em d’Spëtzt vun dengem Spiiss.
Hal d’Brout elo iwwert di waarm Glous, awer net direkt an d’Feier. Et soll e bësse brong gi mee net schwaarz. Dréi de Spiiss reegelméisseg fir datt d’Brout iwwerall duerchgebak gëtt.- Wann d’Brout fäerdeg gebak ass, kanns de et direkt vum Spiiss erof iessen. Pass awer op datt s du dir d’Fangeren net verbrenns!
D’Juju an de Filou 👩🍳🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!
Notes
- Du kanns d’Brout och ouni Kraider maache wann s de keng bei Hand hues.
- Bengelbrout

Gudden Moien,
Ech wollt esou eng Bakkescht bestellen an weess awer net wou ech dat hei kann maachen.