Ech weess net ob dir d’Chance hutt stolze Besëtzer vun engem Kiischtebam ze sinn, op alle Fall hunn mir d’Chance datt d’Grousselteren dat vun sech kënne behaapten. An dëst Joer ass et e richtegt gutt Kiischtenjoer 🍒🍒🍒. Iwwerall laanscht d’Stroosse gesäit een se un de Beem hänken.

Sou hunn mir lo e gudde Kuerf voller zeidege Kiischte kritt gehat an decidéiert eng Kiischtentaart ze baken 🤗.
Fir den Deeg hunn mir den nämmlechte wéi dee vun der Rubbarbstaart geholl. Fir d’Kiischten ze entkäre war de Filou 🧑🍳 zoustänneg 💪💪💪. Dat huet him richteg Spaass gemaach. Mat enger manueller Entkärmaschinn geet dat och relativ gutt. Dunn huet d’Juju 👩🍳 nach eng Crème gemaach fir op d’Taart an ech war zoustänneg fir dat Ganzt am Uewen ze baken .
An do hunn ech leider kläglech versot 🤷♀️. Wéi d’Taart scho quasi fäerdeg war, hunn ech gemengt ech misst nach de Grill umaache fir datt se e bëssen eng liicht brong Faarf géif kréien. Dat war keng gutt Iddi 🤦♀️. Op emol huet et no verbrannt gericht a wéi ech de Bakuewen opgemaach hunn, huet et nëmme gedämpt an de Dampmelder ass direkt ugaangen 🚒🚒🚒. D’Juju an de Filou waren net frou ☹️. Déi Taart war giess!

Fazit: de Grill bei sou Saachen aus dem Spill loossen 🤓.
Gott sei Dank hunn mir dëst Joer sou e gutt Kiischtejoer, da kënne mer alt en zweete Versuch starten 🍒🍒🍒😄.
D’Rezept wëlle mir iech awer net virenthalen, dir fannt et hei ënnen op der Säit.
Dir kennt eis gären eng Foto vun ärer Taart zoukomme loossen (info@mawaka.lu) an mir deelen se dann oder ganz einfach se op Instagram poste mam Hashtag #mammawatkachemerhaut.
D’Juju an de Filou wënschen iech vill Spaass beim Nobaken 👩🍳🧑🍳 ☺️
Ech geiw gaer daat Kannerbuch fir ze baaken bestellen w e g