Kiischtentaart

Kiischtentaart

Recipe by Joelle2021Course: TaartenCuisine: LëtzebuergDifficulty: einfach
Couverten

6

Couverten
Virbereedungszäit

45

minutes
Bakzäit

30

minutes

Wann keng Kiischtesaison ass, kann een och Kiischten aus dem Glas huelen.

Ingrediente

  • Fir den Deeg
  • 250 g Miel

  • 125 g mëlle Botter (Zëmmertemperatur)

  • 65 g Zocker

  • 1 Ee

  • Fir d’Taart
  • 600 g Kiischten

  • Fir d’Crème
  • 2 Eeër

  • 200 ml Ram

  • 2 Iessläffel Zocker

Zoubereedung

  • Iers de ufänks, solls de deng Hoer zesumme maachen, e Schiedeg undoen an deng Hänn gutt wäschen.
  • Schëtt d’Miel an den Zocker an eng Schossel a vermësch dat ganzt mat engem Läffel.
  • Gëff d’Ee dobäi.
  • Schneid de Botter a kleng Stécker a maach en bei di aner Saachen an d’Schossel.
  • Lo muss alles mat den Hänn gutt gekniet ginn bis eng glat Boule Deeg entsteet.
    (Mir knieden ëmmer fir t’éischt an der Schossel an duerno schëdden mer alles op d’Aarbechtsfläch an knieden dann do weider.)
  • Lee elo den Deeg an eng Schossel an deck se mat engem Teller zou.
    Stell dat ganzt fir 30 Minutten an de Frigo.
    An där Zäit kanns de d’Kiischte wäschen an entkären.
  • Wäsch d’Kiischten an enger Seibecken ënner kalem Waasser a rësel se gutt datt se net ze naass si fir d’Taart.
  • Lo muss de d’Kären aus de Kiischten huelen. Du kanns dat mat de Fangere maachen oder eng Entkärmaschinn huelen, da geet et méi séier. Schneid awer dann duerno all Kiischt op engem Brietchen an zwee a kuck ob de Kär och wierklech eraus ass (soss kann et mol fir en Zant goen).
  • Huel elo den Deeg aus dem Frigo, maach Miel op d’Aarbechtsfläch an op den Deeg a rull dësen 0,5 cm aus.
    Den Deeg soll esou grouss ausgerullt sinn datt en an d’Taarteform (mam Bord) passt.
    Vergiess net d’Taarteform mat Ueleg anzefetten oder mat Bakpabeier auszeleeën.
    Probéier den Deeg an d’Form ze leeën, ouni datt en futti geet. Schneid mat engem Messer de Bord, den iwwersteet ewech.
  • Mat de Stécker, déi ze vill sinn, kanns de den Deeg flécken. Iwwerall wou e Rass oder e Lach ass, stopps de alles mat Deeg zou.
    Et däerfen herno keng Rëss a keng Lächer méi dra sinn.
  • Huel eng Forschett a pick Lächer an den Deegbuedem.
    Pass op datt s de net ze fest drécks, den Deeg däerf net futti sinn an d’Lächer sollen net bis op de Fong goen!
    Dat ass fir datt den Deeg herno beim Bake keng Blose mécht.
  • Stree d’Kiischten op d’Taart a verdeel se datt der iwwerall sinn.
  • De Bakuewen 10 Minutte virhëtzen op 180 °C (Ober- und Unterhitze).
  • Schlo zwee Eeër an enger Schossel op, klapp se mat engem Schnéibiesem op a schëtt de Ram dobäi.
  • Gëff zwee Iessläffel Zocker dobäi a réier nach emol gutt.
  • Schëtt d’Crème op d’Taart an pass gutt op datt se net iwwert de Bord ënner d’Taart leeft.
  • D’Taart fir ongeféier 30 Minutte baken.
  • Wann d’Taart kal ass kanns de nach Pudderzocker mat engem Sift doriwwer streeë mee dat muss awer net sinn.

    D’Juju an de Filou 👩‍🍳🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!

Notes

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*