Lächerbrout (Focaccia)
Plat : BroutCuisine : ItalienDifficulté : mëttelCouverten
12
CouvertenVirbereedungszäit
1
heure30
minutesBakzäit
25
minutesFlott Rezept wou ee selwer kann decidéiere wat dra kënnt.
Ingrediente
- Fir den Deeg
1 kg Miel
625 ml wotlecht Waasser
30 g frësch Hief
1 Iessläffel Zocker
1 Iessläffel Salz
- Fir de Belag
Tomatenstécker
Tomates cerises
gedréchent Tomaten
Stécker Knuewelek
Stécker Zwiwwelen
Oliven
Basilikum
Rosmarin
Salbei
Thymian
Oregano
Kéis (Mozzarella, Feta, Schwäizer Kéis …)
ZOUBEREEDUNG
- Schëtt d’Miel op d’Aarbechtsfläch a maach e grousst Lach an d’Mëtt.
- Schëtt d’Hallschent vum Waasser an d’Mëtt (dat gesäit dann sou aus wéi e Séi).
- Zergrimmel d’Hief mat de Fangeren a stree se an de Séi (an d’Waasser). Gëff och den Zocker an d’Salz dobäi.
- Huel eng Forschett a réier lues am Waasser bis d’Hief, d’Salz an den Zocker sech ganz opgeléist hunn. De Séi ass da ganz hellbrong.
Réier lo mat der Forschett ëmmer méi Miel an de Séi (vun de Borde vum Séi an d’Waasser).
- Wann an der Mëtt e richtege Bräi entstanen ass, kanns de nach de Rescht vum Waasser dobäi schëdden.
- Dann réiers de nees ëmmer e bësse Miel dobäi bis alles ganz bräieg ass.
- An lo verschaffs de de Rescht Miel am Deeg mat dengen 2 Hänn, bis de e richtegen Deeg hues.
- Wann et pecht méchs de nach e bësse Miel op deng Hänn. Den Deeg ass prett wann en net méi pecht.
- Wann den Deeg fäerdeg ass muss en nach emol 5 Minutte gutt mat den Hänn duerchgekniet ginn.
- Lo lees de den Deeg an eng Schossel a lees e groussen Teller op d’Schossel oder en Duch.
- Stell d’Schossel op eng Plaz wou keen Duerchzuch ass, am beschte wou et e bësse méi waarm ass (Heizung oder sou).
- Den Deeg muss elo ongeféier 30 Minutten opgoen, bis en sech an der Gréisst verduebelt huet.
- Lo muss d’Loft nees aus dem Deeg eraus. Du kanns den Deeg gutt mat de Fanger zesummen drécke bis d’Loft eraus ass an d’Boule Deeg nees méi kleng ass.
- Maach de Bakuewen un op 220 °C (Ober- und Unterhitze).
- Ueleg de Bakblech mat 1 Iessläffel Olivenueleg an engem Pinsel an.
- Stree e bësse Miel op d’Aarbechtsfläch a rull den Deeg zu engem Rechteck aus.
Lee den Deeg op de Bakblech an zéi en ausernee bis en an d’Form passt. - Buer lo mat dengem Fanger lauter Lächer an den Deeg, wat méi, wat besser.
Lo kanns de lauter Saachen an d’Lächer stiechen déi’s du gären hues: Tomatenstécker, Tomates cerises, gedréchent Tomaten, Stécker Knuewelek, Stécker Zwiwwelen, Oliven, Basilikum, Rosmarin, Salbei, Thymian, Kéis …
Schmier nach mam Pinsel eng Couche Olivenueleg op den Deeg (ouni ze fest ze drécken) a stree nach e bësse grafft Salz driwwer (net ze vill).
- Looss d’Focaccia nach emol 30 Minutten opgoe bis de Volumen sech verduebelt huet.
Lo muss d’Focaccia nach fir ongeféier 25 Minutten an de Schäffche bis se eng hellbrong Kuuscht huet.
D’Juju an de Filou 👩🍳🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!
Notes
- D’Focaccia kann een och gutt a klenge Portiounen afréieren.
- Lächerbrout