Mir maache Lächerbrout (Focaccia)

Wéi mir viru Méint emol beim Italiener waren a Focaccia zerwéiert kruten, huet d’Juju gefrot, ob mir dat net och emol doheem kéinte baken. An well mer lo am Confinement gutt Zäit haten, hunn mer fonnt, et wier lo de Moment dat auszeprobéieren. 

Et ginn immens vill Manéiere fir Focaccia ze preparéieren a mir hunn eis fir des Variant entscheet. D’Juju an de Filou nennen dat “Lächerbrout”. 

Direkt zum Rezept

Et kann ee bei dësem Rezept net ganz vill falsch maachen a wat flott ass, et kann ee flott am Deeg piddelen a Lächer bueren. An dann däerf een och nach selwer entscheede wat ee wëll drastiechen. Sou kann een seng Focaccia personaliséieren an hir en eegenen Numm ginn. Et ass e bësse wéi bei der Pizza. Do kann ee jo mëttlerweil och alles drop maache wat ee well.

Lächer bueren mécht Spaass! 🤗

Mir hunn Tomate cerise geholl, Basilikum, Salbei, Thymian, Oregano, Rosmarin, Oliven a Knuewelek. Dat hate mir grad am Haus.

Lächerbrout mat Tomate, Basilikum, Salbei, Thymian, Oregano, Rosmarin, Oliven a Knuewelek 😋

Dir kënnt eis gären eng Foto vun ärer eegener Kreatioun  op onser Facebooksäit posten oder op Instagram mam #mammawatkachemerhaut.

😋😋😋

D’Juju an de Filou wënschen iech vill Spaass beim Nobaken 👩‍🍳🧑‍🍳☺️!

https://mawaka.lu/laecherbrout-focaccia-2/

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*