Äerdbiersglace

Äerdbiersglace

Recipe by Joelle2021Course: GlaceCuisine: LëtzebuergDifficulty: einfach
Couverten

8

Couverten
Virbereedungszäit

30

minutes

Eng Glace déi ëmmer ganz vill Succès huet mat net vill Opwand.

IngredientE

  • 500 g frëscht Äerdbier

  • 150 g Zocker

  • 1 hallef Zitroun

  • 1 klengt Dëppche Ram (250 ml)

ZOUBEREEDUNG

  • Wäsch d’Äerdbier a kalem Waasser.
  • Huel e Brietchen an en Knäipchen a schneit vun all Kär dat Gréngt erof an de Kär an zwee.
    Lee all d’Stecker an eng Schossel. 
  • Press d’hallef Zitroun aus.
  • Schëtt den Zitrounejus op d’Äerdbier.
  • Schëtt den Zocker op d’Äerdbier a looss dat Ganzt wärend e puer Stonnen oder iwwer Nuecht zéien (stoen, datt den Zocker a Jus an d’Äerdbier anzitt). Lee en Teller op d’Schossel.
  • Wann den Zocker gutt agezunn ass, püréiers de d’Äerdbier mam Stabmixer.
  • Réier mam Mixer d’Ram bis datt et Schlagsan gëtt.
    Réier net ze laang, soss gëtt et Botter.
    Stell am beschten eng hallef Stonn virdrun d’Schossel an d’Biesem vum Mixer an d’Truh, datt se gutt kal sinn.
  • Huel eng Kichespachtel an hief d’Schlagsan ënner d’Äerdbier. Et muss alles gutt gemëscht ginn. Du solls awer op kee Fall schnell réiere mee d’Schlagsan ënnerhiewe fir datt se net futti geet.
  • Schëtt d’Glace an eng Schossel fir anzefréieren a stell se an d’Truh.
    Lo muss de all hallef Stonn d’Glace eng Kéier gutt duerchréiere goe bis se ganz fest ass.
    Wann s de eng Glacëmaschinn hues kanns de déi benotzen, dat geet da méi einfach.
  • Wann s de kleng Glacëformen hues, kanns de d’Glace och doranner fëllen. 

    D’Juju an de Filou 👩‍🍳🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!

Recipe Video

Notes

  • Des Glace kann een och mat anerem Uebst maachen, allerdéngs muss een dann den Zocker upassen.
  • Et kann een och gefruerent Äerdbier huele wann keng Saison ass.
  • Äerdbiersglace
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*