Mir maachen Äerdbiersglace

“Maaaaaammmaaa! Mir wëlle Glace!” hunn meng Kanner deslescht geruff, wéi et sou richteg waarm war 😎☀️. Gott sei Dank hat ech nach e puer Supermarché-Glacen an der Truh. Mee ech weess net wéi dir dat gesitt, mee wann ech am Supermarché liese wat an hiren industrielle Glacen sou dran ass, da vergeet mer heiansdo den Appetit😖. Menge Kanner ass dat awer natierlech egal 😂😂😂! (Wat méi Dreck, wat besser 🍦🍭🍫🍬😅!) Dofir kréien sinn dann och di eng oder aner Kéier wann et séier muss goen hier “Drecks”-Glace mee mir maachen der awer och ganz vill selwer. Schonn eleng vum Goût hier kann een dat eent net mat dem anere vergläichen. Et geet dach näischt iwwert eng selwer gemaachen Äerdbiersglace 🍓🍓🍓😋.

Mat frëschem Äerdbier schmaacht d’Glace am beschten 🍓🍓🍓.

Direkt zum Rezept

E richtegt Familljenrezept

Mir hunn do sou e Familljenrezept wat och an eisem Frëndeskrees ganz vill Succès huet an hat. Merci Mamma ❤️ (oder Boma) datt s du eis ëmmer di gutt Äerdbiersglace gemaach hues a méchs 😘. Meng Frëndinne wäerten sech och elo schrecklech freeën, datt ech elo endlech d’Rezept (wat eigentlech guer net komplizéiert ass) fräi ginn. Bei villen Eventer hunn ech deemools als Teenager net dierften ouni di gutt Äerdbiersglace vu menger Mamm optauchen. Ech hunn den Zocker am Rezept awer elo e bësse reduzéiert (fréier huet een dat wuel net sou enk gesinn 😆), do maacht dir elo natierlech genee wéi dir wëllt. Ursprénglech waren et 300 g Zocker 🙈.

D’Juju an de Filou hate vill Freed beim Glacëmaachen an et war schwéier zum Schluss nach eppes iwwreg ze hunn fir anzefréieren. Si musse jo awer schliisslech schmaache wat se do maachen 🤗😋.

Mmmmmmhhhh…. 😆

Mir hunn leider keng Glacëmaschinn, mee ech spille scho ganz laang mam Gedanken, mer eng unzeschafen. Nëmme weess ech net sou richteg wéi e Modell… ➡️ Villäicht huet jo ee vun iech e gudden Tipp fir eis? ⬅️

Op alle Fall maache mir d’Glace ouni Maschinn de Moment a ginn da reegelméisseg emol dra réieren, bis se fest ass. Mee dann muss een se dann och maache wann een doheem ass. 

Wat de Kanner och immens vill Spaass mécht, ass d’Glace herno ze dekoréieren an ze zerwéieren 🍨.

Schéckt eis eng Foto 📷 vun ärer Glacendekoratioun eran (info@mawaka.lu) oder post se op onser Facebooksäit oder op Insta mam #mammawatkachemerhaut👩‍🍳🧑‍🍳.

Loosst iech d’Glace gutt schmaachen 😋!

Juju 👩‍🍳, Filou 🧑‍🍳 a Mamma Joëlle

https://mawaka.lu/aeerdbiersglace-2/
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*