Mir maache Popsicles

🇱🇺 Lëtzebuerg 🇱🇺 – #VakanzDoheem – 36°C ☀️🥵

Hëllef!! 😱 Ech weess net wéi dir dat gesitt, mee mat e puer Grad manner heiheem, wiere mir och zefridden. Mee et muss een et jo huele wéi et kënnt, also maache mir dat Bescht draus 👍.

De Planschbecke gëtt alt mol nees emol opgeriicht 🐳 a wat däerf natierlech bei deenen héijen Temperaturen net feelen: jo, genau, eng gutt WAASSERGLACE 😋! En Ice pop! E Popsicle!

Direkt zum Rezept Äerdbier mat Waassermeloun

Direkt zum Rezept Kiwi mat Peffermënz

Virun der ugekënnegter Canicule hate mir scho virgesuergt an alles preparéiert. Mir hunn eis des Kéier fir Waassermeloun 🍉 mat Äerdbier 🍓a Peffermënz entscheet a fir Kiwi 🥝 mat Peffermënz. Mee bei de Popsicles sinn  der Imaginatioun keng Grenze gesat, et kann een alles dramaache wat ee wëll an heiansdo sinn di spontan Kreatiounen déi Bescht. Uebst-Kombinatiounen, frësch Kraider, Jus, Jughurt … Et däerf een awer net vergiesse fir dat ganzt e bëssen ze séissen, well soss ass et richteg sauer. Mir hunn eis fir Agavendicksaft entscheet, et kann een och Zocker huelen, brongen Zocker, Hunneg, Räissirop … Wéi gesot, et muss een ausprobéieren. A wëll bei eis am Haus Läit sinn, déi Jughurt net gären hunn, hunn mir dee lo mol ewech gelooss, mee esou e Rezept wäerte mer awer och emol probéieren.

🥝😋😋😋🥝

Sou, elo genuch geschwat, Ice pops eraus a séier an de Planschbecken 😎👙🩲⛱🌴.

D’Juju an de Filou wënschen iech vill Spaass beim Nomaachen 👩‍🍳🧑‍🍳☺️!

An wéi gesäit bei iech #VakanzDoheem aus bei enger Hëtztwell? 

https://mawaka.lu/aerdbier-waassermeloun/
https://mawaka.lu/kiwi-mat-peffermenz/
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*