Äerdbier-Waassermeloun Glace
Plat : GlaceCuisine : internationalDifficulté : einfachPortiounen
6
PortiounenVirbereedungszäit
30
minutesEng erfrëschend a méi gesond Variant vu Waasserglace, trotzdem lecker!
Ingrediente
500 g Waassermeloun
100 g Äerdbier
1 Zitroun
3 Stiller frësch Peffermënz
2 Iessläffel Agavendicksaft
Zoubereedung
Schneid d’Waassermeloun a kleng Stécker an huel d’Kären eraus.
Wäsch d’Äerdbier ënner kalem Waasser a schneit dat Gréngt ewech.
Wäsch d’Peffermënz ënner kalem Waasser a rapp d’Blieder vun de Stiller erof.
D’Stiller brauchs de net.Press d’Zitroun aus.
Schëtt d’Waassermeloun, d’Äerdbier, d’Peffermënz an 2 Iessläffel Zitrounejus an de Mixer (Blender).
- Gëff 2 Iessläffel Agavendicksaft dobäi.
Maach den Deckel op de Mixer (net vergiessen!) an dréi en un. Mix esou laang bis keng Stécker méi dra sinn.
Schëtt di kal Zopp an d’Glaceformen a maach d’Stiller drop.
Stell d’Glacen an d’Truh fir minimum 6 Stonnen.
D’Juju an de Filou 👩🍳🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!
Notes
- Wann ee kee Blender huet kann een och e Stabmixer huele fir d’Uebst ze püréieren.
- Wann ee keng Glaceformen huet, kann een och Becheren huelen an en Holzstäbchen drastiechen. Am beschten de Stäbchen no enger Stonn Truh drastiechen, da bleift en besser stoen.
- Popsicles
- Kiwi mat Peffermënz