Kiwi mat Peffermënz
Course: GlaceCuisine: InternationalDifficulty: einfachPortiounen
6
PortiounenVirbereedungszäit
30
minutesEng erfrëschend a méi gesond Variant vu Waasserglace, trotzdem lecker!
Ingrediente
6 Kiwien
1 Zitroun
3 Stiller frësch Peffermënz
2 Iessläffel Agavendicksaft
zoubereedung
Schiel d’Kiwien, schneit den haarden Deel vum Stronk eraus a schneit se a kleng Stécker.
Schneit 1 Kiwi an Tranchen.
Press d’Zitroun aus.
Wäsch d’Peffermënz ënner kalem Waasser a rapp d’Blieder vun de Stiller erof.
D’Stiller brauchs de net.
Schëtt de Kiwi an d’Peffermënz an de Mixer (Blender).
Gëff den Agavendicksaft dobäi.
Gëff 2 Iessläffel Zitrounejus dobäi.
Maach den Deckel op de Mixer (net vergiessen!) an dréi de Mixer un.
Mix esou laang bis keng Stécker méi dra sinn.
Lee 2 Rondele Kiwi an all Glaceform widder d’Säiten a schëtt di kal Zopp drop.
Maach d’Stiller drop.- Stell dat Ganzt an d’Truh fir minimum 6 Stonnen.
D’Juju an de Filou 👩🍳🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit!
Notes
- Wann ee kee Blender huet kann een och en Stabmixer huele fir d’Uebst ze püréieren.
- Wann een keng Glaceformen huet, kann een och Becheren huelen an en Holzstäbchen drastiechen. Am beschten de Stäbchen no enger Stonn Truh drastiechen, da bleift en besser stoen.
- Popsicles
- Äerdbier-Waassermeloun
