✨ Mawaka Bakkëscht ✨

Déi éischt Bakkëscht ass do!!

Këscht bestellen: info@mawaka.lu

Haut ass et endlech sou wäit: Mawaka ass stolz iech seng éischt Bakkëscht ze presentéieren 🤗.

Och wann sech déi läscht Zäit um Site net vill gedoen huet, ass bei der Mamma Joëlle vill geschitt.

Ech hunn mech selbstänneg gemaach a probéieren elo mäin Wee als Entrepreneuse ze fannen an endlech mäin Dram vun ëmmer ze realiséieren. Et ass e grousse Schratt, dee fir ganz vill Opreegung suergt, virun allem wann een dann och nach sou eng Decisioun a COVID-Zäiten hëlt. Mee dat gëtt elo duerchgezunn 💪 an et mécht richteg Spaass.

Wëll een de Moment vill Zäit doheem mat senge Léifste verbréngt (fräiwëlleg an awer heiansdo och e bësse gezwongen 😉), hunn ech mir dës flott Aktivitéit iwwerluecht.

Dir kritt eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka,

do ass en illustréiert Rezept dran,

do sinn all d’Drécheningredienten (Miel, Zocker …) an eenzelen Titercher dran,

do sinn e puer Utensilien dran, déi een brauch mee net onbedéngt doheem huet,

da muss een nach e puer Saache selwer besuergen (frësch Ingrediente wéi Botter, Eeër…)

a scho kann et lass goen!

Fir Chrëschtdag ginn et 2 verschidde Këschten:

Brownies – Chrëschtbeemercher

e bësse méi schwéier

zu den Brownien

Chrëschtkichelcher

e Klassiker, och gutt fir méi kleng Kanner

zu de Kichelcher

Fir d’Këschten ze produzéieren (Printen a Verpaken) hunn ech mir Hëllef bei den Ateliers d’Inclusion Professionnelle – Yolande Coop geholl. Mat hirer Ënnerstëtzung ass elo mol fir den Ufank eng limitéiert Editioun erauskomm fir de Produit ze testen an ze kucken ob Interesse do ass.

Bei der Gestaltung vun der Këscht ass och vill Wäert op eng héichwäerteg Qualitéit vun de Produite geluecht ginn.

Ech géif mech freeë wann dir eis bei dëser Aventure géift ënnerstëtzen an d’Juju 👩‍🍳 an de Filou 🧑‍🍳 wënschen iech schonn am Virfeld vill Spaass beim Baken!

 

2 Comments

  1. Doris Hochweiler-Becker

    Gudden Owend Joëlle
    Ech(=dem Lucienne seng Kusin) hätt nawell gär eng Bakkëscht bestallt.
    ass dat nach méiglech?
    Fannen dai Projet immens!Bravo!
    LG
    Doris

     
  2. Becker Nathalie

    Moien , wier ët meiglech 1 Kescht vun all Kreschtdags’Box ze bestellen . 1x Brownien an 1 x Kreschtbiscuits’en.
    Meng Elteren Wunden zu Gaasperech, déi keinten ët siche kommen op är Adress wann daat geet.
    Mir freen eis ,
    Famill Becker

     

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*