Glécksschwéngercher

Glécksschwéngercher

Recipe by Joelle2021Course: KichelcherCuisine: internationalDifficulty: mëttel
Couverte

8

Couverte
Virbereedungszäit

3

hours 
Bakzäit

15

minutes

Dës Schwéngercher solle Gléck brénge fir d’neit Joer, op alle Fall sinn se mol ganz lecker 😋

Ingrediente

  • 500 g Miel

  • 30 g Hief

  • 60 g Zocker

  • 250 ml Mëllech

  • 60 g Botter

  • 1 Ee

  • 1 Pout Salz

  • 1 Eegiel

  • 1 Téiläffel Mëllech

  • 100 g Pudderzocker

  • Waasser

  • Aen (Zockeraen, Korinten, Zockerschrëft …)

Zoubereedung

  • Gëff de Botter an eng Kasseroll a looss en schmëlzen (Kachplack op mëttel).
    De Botter däerf net brong ginn.
    Looss en duerno ofkillen.
  • Schëtt d’Miel an eng Schossel (Schossel vun der Kichemaschinn) a maach eng Kaul an d’Mëtt.
  • Wierm d’Mëllech an enger Kasseroll.
    Si soll wotlech sinn, net ze waarm.
  • Zergrimmel d’Hief mat de Fangeren an eng kleng Schossel, gëff en Téiläffel vum Zocker dobäi a schëtt di wotlech Mëllech doriwwer.
  • Réier mat enger Forschett bis d’Hief sech ganz opgeléist huet.
  • Schëtt d’Mëllech mat der Hief an d’Mielkaul a réier mat enger Forschett e bësse Miel ënner d’Mëllech.
    Deck d’Schossel mat engem Duch zou a looss se fir 15 Minutte stoen.
     
  • Schëtt de Rescht Zocker mam Salz bei de geschmolte Botter a réier gutt bis den Zocker sech opgeléist huet.
    Schëtt des Mëschung an d’Schossel mam Miel dobäi a gëff nach d’Ee dobäi.
     
  • Dréi d’Kichemaschinn un (Knethaken) a looss se schaffe bis en geschmeidegen Deeg entstanen ass.
    (Wanns de keng Kichemaschinn hues, kanns de den Deeg mat den Hänn maachen (réieren a ganz gutt a vill knieden).
    Form eng Boule mam Deeg a looss en an der Schossel.
    Lee en Duch drop a looss den Deeg 30 – 60 Minutten opgoen (de Volume soll sech verduebelen).
  • Wann den Deeg fäerdeg opgaangen ass, kanns de en aus der Schossel huelen.
  • Stree e bësse Miel op d’Aarbechtsfläch a schëtt den Deeg drop.
    Du kanns en mat enger Spachtel lass maachen.
    Kniet den Deeg gutt mat den Hänn duerch.
    Wann en ze vill pecht, kanns de nach Miel drënner knieden.
  • Rull den Deeg 1 cm deck aus.
  • Du brauchs 3 ronn Ausstiechformen:
    – eng vun 8-12 cm (Schossel)
    – eng vun 3-5 cm (Glas)
    – eng vun 1 cm (z.B. e Fangerhutt)
     
  • Stiech grouss Kreesser aus fir d’Gesiicht vum Schwäin a kleng Kreesser aus fir d’Nues.
    An der Nues méchs de nach emol 2 kleng Lächer.
  • Schneid mat engem Messer kleng Dräiecker aus fir d’Oueren. 
    Maach esou vill Schwéngercher bis keen Deeg méi do ass.
      
  • Klapp d’Eegiel mat engem Schnéibiesem oder enger Forschett op a gëff d’Mëllech dobäi.
  • Schmier mat engem Pinsel Eegiel op d’Gesiichter a pech d’Nuesen an d’Oueren un.
    Schmier och Eegiel op d’Oueren an op d’Nuesen.
  •  
    Lee e Bakpabeier op de Bakblech a lee d’Schwéngercher op de Bakpabeier.
    Looss d’Schwéngercher nach eng Stonn opgoen.
    Bak d’Schwéngercher fir ongeféier 15 Minutte bei 180 Grad.
  • Schëtt de Pudderzocker an eng Schësselchen a gëff e bësse wotlecht Waasser dobäi. Réier mat enger Forschett oder Schnéibiesem bis Zockerwaasser entsteet.
     
  •  
    Pinsel d’Schwéngercher mam Zockerwaasser an a pech nach 2 Aen drop (Zockeraen, Korinten …).

    Et voilà, d’Juju 👩‍🍳 an de Filou 🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit!

Notes

  • Et kann een och 2 grouss Kreesser maache mat an der Mëtt eng Fëllung (Gebeess, Schockelasbotter …) .
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*