Panéiert Schnitzel

Panéiert Schnitzel

Recipe by Joelle2021Course: FleeschCuisine: internationalDifficulty: mëttel
Couverte

4

Couverte
Virbereedungszäit

30

minutes
Kachzäit

15

minutes

en excellente Familljemenü

Ingrediente

  • 4 Kallefschnitzel 

  • Salz, Peffer

  • Miel

  • 2 Eeër

  • Panéiermiel

  • Ueleg fir ze broden (Bratöl)

  • Zitroun

Zoubereedung

  • Preparéier 3 Zoppentellere mat:
    Miel
    2 Eeër
    Panéiermiel
  • Schlo d’Eeër am Teller mat enger Forschett op.

  • Lee ee Schnitzel op e Briet a maach op béide Säiten e bësse Salz a Peffer drop.
  • Zapp de Schnitzel an d’Miel datt en ganz wäiss gëtt.
  • Zapp de Schnitzel an d’Ee. (Et muss iwwerall Ee sinn).
  • Zapp de Schnitzel an d’Panéiermiel.
    (Et muss iwwerall Panéiermiel sinn).
  • Lee de Schnitzel op e groussen Teller a widderhuel all d’Schrëtt fir déi aner 3 Schnitzelen.
  • Huel eng grouss Pan a schëtt Ueleg fir ze broden dran (Bratöl). Et muss genuch Ueleg an der Pan si fir datt d’Schnitzelen net ubrennen.
    Dréi d’Kachplack op ganz grouss.
  • Lee d’Schnitzelen an d’Pan wann d’Fett ganz waarm ass.
    Pass gutt op datt s de dech net verbrenns!
    Brot d’Schnitzele gutt op enger Säit un an dréi se dann ëm.
    Pass op, datt d’Panade net futti oder lass geet.
    Am beschte geet et mat enger Forschett.
  • Brot d’Schnitzelen och op der anerer Säit gutt un an dréi dann d’Kachplack méi lues (mëttel).
  • Looss d’Schnitzelen nach weider kachen an der Pan an dréi se reegelméisseg ëm bis se bannen dra gutt duerch sinn.
  • Huel mat der Forschett all Schnitzel aus der Pan a lee en op en Teller. Dréi d’Kachplack aus.
    Schneid eng Zitroun a Stécker an zerwéier se mat de Schnitzelen.

    D’Juju 👩‍🍳 an de Filou 🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit!

Notes

  • Heizou passe ganz gutt Spaghetti mat Botter oder Ueleg an e Geméis (z.B. Kürbis am Schäffchen).

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*