Pinguinen
Plat : Geméis, Kachen a brachen, RezepterCuisine : internationalDifficulté : einfachCouvert
4
CouverteVirbereedungszäit
30
minutesSchéin, gesond an excellent 😋
Ingrediente
kleng Bulle Mozzarella
Muerten
schwaarz Oliven ouni Steng
Zännstëppler
Virbereedung
Schiel d’Muerten, wäsch se a schneit se a kleng Rondelen.
Schneit en Dräieck an all Rondel.
Schneit e puer Oliven an zwee fir d’Flilleken ze maachen.
Looss och Olive ganz fir d’Käpp vun de Pinguinen.Stiech en Dräieck Muert an eng Oliv fir de Schniewel ze maachen.
Fir all Pinguin brauchs de:
eng Bull Mozzarella
eng ganz Oliv
eng Oliv an zwee geschnidden
e Rondel Muert
2 ZännstëpplerStiech en Zännstëppler duerch eng hallef Oliv, eng Bull Mozzarella an nees eng hallef Oliv.
Stiech den aneren Zännstëppler vun uewen no ënnen an eng ganz Oliv, eng Bull Mozzarella mat Flilleken an e Rondel Muert.
D’Juju 👩🍳 an de Filou 🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!