Mawaka Bakkëscht

D’Bakkëscht fir d’Fréijoer ass do!

Informatiounen zur Këscht

Et ass nees esou wäit: Mawaka ass stolz iech seng zweet Bakkëscht ze presentéieren 🤗!

Nom Succès vun der éischter Këscht fir Chrëschtdag geet et weider. 

Dir kritt eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka heem geliwwert. 

Do ass dran:

– 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧

– 1 QR Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen a 4 Sproochen 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧

– all d’Drécheningrediente (Miel, Zocker …) an eenzelnen Titercher

– verschidden Utensilien déi ee brauch, mee net onbedéngt doheem huet

Da muss een nach e puer Saache selwer besuergen (frësch Ingrediente wéi Botter, Eeër …)

a scho kann et lass goen!

Fir d’Fréijoer ginn et 2 verschidde Këschten:

Scheewercher 🐑🐑🐑

e bësse méi schwéier (Photo by Anne Lommel)

zu de Scheewercher

Fréijoerskichelcher 🐣🐰🌷

e Klassiker, och gutt fir méi kleng Kanner (Photo by Anne Lommel)

zu de Kichelcher

Falls dir op der Sich sidd no enger flotter Aktivitéit 👩‍🍳🧑‍🍳 grad elo an dëser Zäit wou ee vill doheem ass oder dir braucht nach en originelle Cadeau 🎁, dann ass eng Mawaka-Bakkëscht genee dat Richtegt!

Mir soen iech villmools Merci an wënschen iech vill Spaass beim Baken ☺️!

Shop

 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*