
Informatiounen zur Këscht
Et ass nees esou wäit: Mawaka ass stolz iech seng zweet Bakkëscht ze presentéieren 🤗!
Nom Succès vun der éischter Këscht fir Chrëschtdag geet et weider.
Dir kritt eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka heem geliwwert.
Do ass dran:
– 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧
– 1 QR Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen a 4 Sproochen 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧
– all d’Drécheningrediente (Miel, Zocker …) an eenzelnen Titercher
– verschidden Utensilien déi ee brauch, mee net onbedéngt doheem huet
Da muss een nach e puer Saache selwer besuergen (frësch Ingrediente wéi Botter, Eeër …)
a scho kann et lass goen!
Fir d’Fréijoer ginn et 2 verschidde Këschten:
Scheewercher 🐑🐑🐑

Fréijoerskichelcher 🐣🐰🌷

Falls dir op der Sich sidd no enger flotter Aktivitéit 👩🍳🧑🍳 grad elo an dëser Zäit wou ee vill doheem ass oder dir braucht nach en originelle Cadeau 🎁, dann ass eng Mawaka-Bakkëscht genee dat Richtegt!
Mir soen iech villmools Merci an wënschen iech vill Spaass beim Baken ☺️!