Lämmercher
Course: KichelcherCuisine: InternationalDifficulty: einfachCouverte
8
CouverteVirbereedungszäit
1
hourBakzäit
15
minutesE flott Bakrezept fir an der Ouschterzäit.
Ingrediente
500 g Miel
200 g Pudderzocker
200 g Botter
1 Pak Vanillszocker
1 Pak Bakpolver
2 Eeër (M)
3 Iessläffel Kakao
Zoubereedung
Schneid de Botter a kleng Stécker a looss e stoe bis en mëll ass.
Schëtt de Pudderzocker an de Vanillszocker an eng Schossel a vermësch alles gutt mat engem Läffel.
Gëff de mëlle Botter dobäi.
Vermësch alles gutt mam Mixer.
Gëff déi 2 Eeër dobäi a vermësch alles gutt mam Mixer.
Schëtt d’Miel an de Bakpolver an eng aner Schossel an verréier alles gutt mat engem Läffel.
Gëff no an no d’Miel bei d’Bottermass mat engem Läffel a mix ëmmer nees mam Mixer bis alles gutt vermëscht ass.
Huel den Deeg aus der Schossel an deel en 2 gläich grouss Stécker.

Huel eng Boule a mësch de Kakao drënner. Kniet se gutt bis se ganz brong ass.- Lee e Bakpabeier op de Bakblech a lee deng Kichelcher direkt drop wann s de se forms (net datt se beim Eriwwerleeë futti ginn).
- Elo kanns de denger Fantasie fräie Laf loossen an alles forme wat dir gefält.
Wann s de e Lämmche wëlls maachen, kanns de dat esou maachen: 







- Wann de Bakuewen waarm ass (180 °C, Ober- und Unterhitze), kanns de d’Kichelcher fir 10-15 Minutten baken.
D’Juju 👩🍳 an de Filou 🧑🍳 wënschen iech all e gudden Appetit!
Notes
- Mat dësem Rezept kann een och aner Formen maachen wéi Lämmercher.
- Wanns de wëlls kanns de deng Kreatioun knipsen an op Instagram deelen mam #mammawatkachemerhaut👩🍳🧑🍳.
