Eeër fierwen

Eeër fierwen

Recipe by Joelle2021Course: Kachen a brachen, RezepterCuisine: LëtzebuergeschDifficulty: einfach

Eeër fierwen ganz einfach an kreativ.
Mir hunn eis fir Naturfaarwen entscheet. Do huet ee missen d’Eeër mat der Faarf kachen.
Et ginn awer och Faarwe wou een d’Eeër (10 min) virkacht an dann an di kal Faarf leet.
Einfach esou maache wéi et op der Verpackung vun de Faarwe steet 😉.

Ingrediente

  • Eeër (réi oder gekacht, dat hängt vun der Faarf of)

  • Eeërfaarf fir d’Eeër dran ze leeën

  • wäiss Wuessfaarf (oder aner Faarwen mee wäiss gëtt méi schéin)

  • Ueleg

Zoubereedung

  • Mol Musteren op all Ee mat der wäisser Wuessfaarf.
    Pass op datt d’Eeër net futti ginn wann se nach réi sinn.

  • Lee d’Eeër an d’Faarf a fierf se wéi et op der Verpackung steet.
  • Huel d’Eeër aus der Faarf eraus.
  • Wann s de d’Eeër an der Faarf gekacht hues muss de se ënnert kalem Waasser ofschrecken.
  • Schëtt e bëssen Ueleg op e Stéck Kichepabeier a reif d’Eeër domadder an datt se schéi blénkeg ginn.
    Du kanns se och mat enger Speckschwaacht areiwen.


    Et voilà!
    D’Juju 👩‍🍳 an de Filou 🧑‍🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋an schéin Ouschteren 🐰🐣🌷!
 

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*