
Informatiounen zur Këscht
🥁 Happy news 🥁: déi nei Këschte fir den Hierscht 🍂🦔🍄🎃sinn do!
Wéi? Wat? Wou?
Dir kaaft online eng Bakkëscht 🎁 vu Mawaka a kritt se heem geliwwert.
Do ass dran:
- 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷
- 1 QR-Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen an 3 Sproochen 🇱🇺🇩🇪🇫🇷
- all d’Drécheningrediente (Miel, Zocker …) an eenzelnen Titercher
- verschidden Utensilien déi een brauch, mee net onbedéngt doheem huet
Da muss een nach e puer Saache selwer besuergen (frësch Ingrediente wéi Botter, Eeër …)
a scho kann et lass goen!
Fir den Hierscht ginn et 2 verschidde Këschten:
🎃🎃 Grujeltäertercher 🎃🎃 fir Halloween

Kéiséckerkichelcher 🦔🦔🦔🍄🍂

👉 zu de Kéiséckerkichelcher 🦔🍂🍄
Falls dir op der Sich sidd no enger flotter Aktivitéit 👩🍳🧑🍳 fir doheem oder dir braucht nach en originelle Cadeau 🎁, dann ass eng Mawaka-Bakkëscht genee dat Richtegt!
Mir soen iech villmools Merci an wënschen iech vill Spaass beim Baken ☺️!