It’s Christmas Time

D’Bakkëscht fir Chrëschtdag ass do!

Bakkëschte fir Kanner

Youpiee! 🎉 Déi nei Këschte fir d’Chrëschtzäit sinn do!

Dir fannt dës Këschte fir de Mount Dezember an eisem Online Shop 🛒🛍.

An der Këscht sinn:

  • 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷 au choix
  • 1 QR-Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen an 3 Sproochen 🇱🇺🇫🇷🇩🇪
  • all d’Drécheningrediente (Miel, Zocker, Pudderzocker, Schockela …) an eenzelnen Titercher
  • verschidden Utensilien déi een brauch, mee net onbedengt doheem huet

Verschidde frësch Saache muss ee selwer besuergen (Botter, Eeër, Ram …)

a scho kann et lass goen!

Fir Chrëschtdag ginn et 2 verschidde Këschten:

🎄🎄 Chrëschtbeemercher fir Chrëschtdag 🎄🎄

Baken a Bastelen an enger Këscht 🤩

👉 zu de Chrëschtbeemercher 🎄

✨⭐️ Stärekichelcher fir d’Wanterzäit ⭐️✨

Lecker Kichelcher mat Mandelen an Äerdbiergebeess 🍓

👉 zu de Stärekichelcher 🌟⭐️🌟

Ob eng flott Aktivitéit fir doheem 👩‍🍳🧑‍🍳 oder en originelle Kaddo fir d’Feierdeeg 🎁🎅🏼🎄, mat enger Mawaka-Bakkëscht maacht dir alles richteg 👍.

Mir soen iech villmools Merci 🙏 an wënschen iech vill Spaass beim Baken a schéi Feierdeeg 💫❤️!

 

Leave a Comment

Your email address will not be published.

*