Kuchemännercher
Plat : KichelcherCuisine : LëtzebuergeschDifficulté : schwéierCouverte
4
CouverteVirbereedungszäit
2
heuresBakzäit
20
minutesEng Traditioun fir Kleeserchersdag.
Ingrediente
800 g Miel
1/2 Pak Hief (21 g)
100 g Botter
250 ml wotlech Mëllech
2 Eeër
3 Iessläffel Zocker
1 Pout Salz
150 g Pudderzocker
zoubereedung
Siff all d’Miel an eng Schossel.
Maach mat engem Zoppeläffel e Kranz Miel an d’Bakschossel (vun der Kichemaschinn). De Rescht Miel brauchs du herno.- Schëtt d’Hallschent vun der Mëllech an eng Kasseroll a maach se lues waarm. Si däerf nëmmen e bësse wotlech ginn, net waarm!
Grimmel d’Hief an eng Jatt (kleng Schossel) a gëff 2 Iessläffel Zocker dobäi.
Schëtt d’Mëllech an d’Jatt dobäi a réier mat enger Forschett bis d’Hief sech ganz opgeléist huet.
Schëtt elo d’Mëllech mat der Hief an d’Kaul vum Kranz Miel.
Réier mat der Forschett e bësse Miel ënner d’Flëssegkeet fir en Deessem (Virdeeg) ze maachen.
Lee en Duch op d’Schossel a looss den Deessem ongeféier 15 Minutte goen.Looss an där Zäit de Botter an enger Kasseroll lues schmëlzen a schëtt de Rescht Zocker an kal Mëllech dobäi. Réier gutt a looss et ofkillen.
Schëtt den ofgekillte Botter/Zocker/Mëllech op den Deessem a verréier alles gutt mat der Kichemaschinn (Biesem) wärend e puer Minutten.
Et soll gutt opgeklappt sinn.Gëff d’Eeër dobäi a réier ëmmer nees gutt mat der Kichemaschinn.
Gëff duerno iessläffelweis d’Miel dobäi (am ganze sollen +- 500 g Miel mat der Kichemaschinn verschafft ginn).
Wann alles gutt verschafft ass an den Deeg gutt opgeklappt ginn ass, lees de en Duch op d’Schossel a léiss den Deeg ongeféier 1 Stonn op enger waarmer Plaz opgoen.Schëtt gutt vill Miel op den Dësch a schëtt den Deeg mat enger Spachtel fir den Deeg op d’Miel.
Elo heescht et gutt vill kniede mat den Hänn. De Rescht Miel soll am Deeg verschafft gi bis en net méi pecht an d’Loft muss eraus.
Deel den Deeg a 4 Stécker wann e prett ass.
Form aus all Deegbull e Kuchemännchen (Video).
Du kanns och nëmmen 2 Kuchemännercher maachen, da ginn se méi grouss.Lee d’Kuchemännercher wäit ausernee genuch op de Bakblech (op e Bakpabeier). Dekoréier d’Männercher mat Korinten oder Schockela. Looss d’Männercher nach emol opgoen (30-60 Minutten).
Bak d’Kuchemännercher op 180 °C (Ober-und Unterhitze) fir ongeféier 20 Minutten (et hänkt vun der Gréisst of).Verréier 1 Ee mat e bësse Mëllech an enger Schossel. Huel d’Kuchemännercher no 10 Minutten aus dem Bakuewen a pënsel d’Ee mat der Mëllech driwwer. Bak se duerno weider.
Huel d’Männercher aus dem Uewen a looss se ofkillen.Schëtt de Pudderzocker an eng Schossel a schëtt e bësse waarmt Waasser dobäi. Réier gutt.
Schmier mat engem Pënsel Zockerglasur op de Kuchemännchen.
Pech Zockeraen drop a mol e Gesiicht mat Zockerschrëft wann s de wëlls. Looss alles ofkillen an dréchnen.
D’Juju 👩🍳 an de Filou 🧑🍳 wënschen iech e gudden Appetit 😋!
Recipe Video
Notes
- Bei méi klenge Kanner kann een den Deeg scho virdru preparéieren an d’Kanner kënnen dann de Kuchemännche formen an herno dekoréieren.
- Et geet och ouni Kichemaschinn mat engem Mixer.