Këschte fir ze baken fir Kanner

Eng Bakkëscht fir ze baken fir Kanner am Fréijoer
D’Bakkëschte fir d’Fréijoer 🌷🐰 sinn do!

Bakkëschte fir Kanner

Et ass nees sou wäit 🎉! Mawaka huet un enger neier Bakkëscht geschafft an ass stolz iech se lo hei kënne virzestellen 🤗.

Dëst Fréijoer ginn et Ouschter Cake Pops a Form vun Eeër 🥚🍭.

D’Eeër bestinn aus Kuch mat wäissem Schockela a faarwegem Zockerstreisel.

Si sinn einfach ze maachen ouni speziell Maschinn an et ass alles an der Këscht wat ee brauch (bis op frësch Ingrediente).

Dëst Joer kann een och nees zousätzlech d’Bakkëschte vun 2021 bestellen.

Et ginn also fir d’Fréijoer 3 verschidde Bakkëschten:

  • Ouschter Cake Pops 🥚🍭
  • Scheewercher 🐑
  • Fréijoerskichelcher 🍪🐰🐥🥚

Dir fannt dës Këschten an eisem Online Shop 🛒🛍.

An der Këscht sinn:

  • 1 illustréiert Rezept an enger Sprooch 🇱🇺🇩🇪🇫🇷🇬🇧 au choix
  • 1 QR-Code mat zousätzlechen Informatiounen an d’Iwwersetzungen an 4 Sproochen 🇱🇺🇫🇷🇩🇪🇬🇧
  • all d’Drécheningrediente (Miel, Zocker, Pudderzocker, Schockela …) an eenzelnen Titercher
  • verschidden Utensilien déi een brauch, mee net onbedengt doheem huet

Verschidde frësch Saache muss ee selwer besuergen (Botter, Eeër, Ram …)

a scho kann et lass goen!

Hei sinn déi 3 verschidde Bakkëschten:

🥚🍭 Ouschter Cake Pops 🍭🥚

Kuch um Still 😋

👉 zu den Ouschter Cake Pops 🥚🍭



🐑🐑 Scheewercher 🐑🐑

Foto vum Anne Lommel

👉 zu de Scheewercher 🐑🐑



🐰🥚🐥🍪Fréijoerskichelcher 🍪🐥🥚🐰

Huesen, Eeër a Jipelcher 🐰🥚🐥😍

👉 zu de Fréijoerskichelcher 🍪🌷



Ob eng flott Aktivitéit fir doheem 👩‍🍳🧑‍🍳 oder en originelle Kaddo fir Ouschteren, eng Kommioun, e Gebuertsdag 🎁… mat enger Mawaka-Bakkëscht maacht dir alles richteg 👍.

Mir soen iech villmools Merci 🙏 a wënschen iech vill Freed beim Baken mat äre Léifsten 🥰.

 

Leave a Comment

Your email address will not be published.

*