Iwwer mech

Et huet alles ugefaange mat: “MAmma WAt KAche mer haut?” am éischte Lockdown 🙈. Dorausser huet sech e klenge Kachblog fir Kanner entwéckelt 👩‍🍳🧑‍🍳. Dunn koume Bakkëschten 🎁 dobäi an elo ass et endlech souwäit: Mawaka gëtt eng Kannerkachschoul 🤗.

Ech sinn d’Joëlle, Léierin vu Beruff a Mamm vun 2 Kanner.

Scho ganz laang hat ech de Wonsch mech selbstänneg ze maachen an elo ass et endlech esou wäit.

Als Kand hunn ech mech scho ganz fréi fir d’Kachen an d’Baken interesséiert. Iwwerall wou ech d’Méiglechkeet hat an enger Kichen ze hëllefen, hunn ech se genotzt (doheem, bei menger Boma, Scouten, Kolonie, bei Frënn, Schoul …). Kachcoursë fir Kanner wieren deemols fir mech genau dat richtegt gewiescht.

Als Mamm mierken ech ëmmer erëm wéi vill Freed meng Kanner hunn fir eis doheem an der Kichen däerfen ze hëllefen. Besonnesch houfreg sinn si iwwer hier eege Kreatiounen.

A mengem Beruff hunn ech festgestallt datt et an der Schoul leider oft un Zäit feelt fir Aktivitéite wéi Kachen a Baken, obwuel dës zu engem gesonde Selbstwäertgefill bäidroen, d’Autonomie entwéckelen, zu enger gesonder Liewenshygiène gehéieren an eigentlech an all Fach kéinte mat agebonne ginn (Rechnen, Sproochen, Sciences …).

D’Kanner hunn awer e ganzt grousst Bedürfnis fir mat den Hänn ze schaffen, eppes auszeprobéieren, Saache mat hire 5 Sënner ze erfaassen, sech ze beweegen, ronderëm ze experimentéieren, kreativ ze sinn, op eng spilleresch Aart a Weis ze léieren … an dem gëtt leider oft net genuch Rechnung gedroen.

Dofir fannen ech datt et un der Zäit ass fir eng Kannerkachschoul zu Lëtzebuerg.

Eng Plaz, wou d’Kanner gären hikommen a wou d’Elteren hier Kanner och mat engem gudde Gefill ofginn.

Eng Plaz, wou zesumme mat frësche Produite gekacht a gebak gëtt a sou gutt et geet och lokal a saisonal.

Et läit mer um Häerz de Kanner e Bewosstsinn fir Liewensmëttel ze ginn, an dat mat vill Spaass an Ofwiesselung.

Doheem huet ee leider net ëmmer d’Zäit an d’Gedold fir dës Aktivitéiten, wëll et muss een jo dann och nach virdrun alles akafen an duerno alles raumen. An do wëll dann op emol kee méi matmaachen an et steet een eleng do…. Schnell kann esou e Spaass zu engem reegelrechten Albdram ginn…

Bei Mawaka ass d’Kichen esou ageriicht, datt se den hygieneschen Ufuerderunge vun der Santé entsprécht. Si ass och esou agedeelt datt d’Kanner an engem ergonomeschen a sécheren Ëmfeld (verschidden Héichten, Andeelung, Utensilien …) kënne kachen a baken.

Ech freeë mech immens op de September, wann et lass geet!

Hoffentlech bis geschwënn bei Mawaka ☺️

Joëlle