Iwwert eis

Dat si mir: Juju, Filou a Mamma Joëlle

“Maaaamma, wat kache mer haut?”, ass e Saz den ech oft heiheem ze héiere kréien. An ier ech mech ëmsinn hunn, si meng Kanner schonn am gaange sämtlech Saachen aus dem Frigo ze huelen.

Als Kand hunn ech vill schéin Erënnerunge wou ech hunn dierften an der Kiche mathëllefen a selwer Saachen ausprobéieren. Sief et mat menger Boma de beschte Schneckekuch vun der Welt ze baken oder doheem mat menger Mamm Blummen aus Geméis ze schnëtzen oder eng lecker Glace fir de Besuch ze maachen.

Als Kand schonn gären an der Kichen

Haut selwer Mamm géif ech gären dësen Hobby un meng Kanner weider ginn. Et ass mir wichteg, dass doheem gesond Produkter op den Dësch kommen. Vun kleng un hunn ech meng Kanner beim Kachen a Bake mat agebonnen, sou datt si mëttlerweil schonn zimmlech selbstänneg mathëllefen a richteg Freed drun hunn.

Anstatt alles an engem Classeur ze sammelen ass mir d’Iddi komm, dëse Blog hei ze maache fir eis Rezepter a Momenter festzehalen a mat anere Famillen ze deelen.

Mir wënschen iech ganz vill Spaass beim Nokachen an Nobaken an e gudden Appetit!

Juju, Filou & Joëlle