Aktuell Beiträg

Blog

Mir maache Lächerbrout (Focaccia)

 

 Wéi mir viru Méint emol beim Italiener waren a Focaccia zerwéiert kruten, huet d’Juju gefrot, ob mir dat net och emol doheem kéinte baken. An well mer lo am Confinement gutt Zäit haten, hunn mer fonnt, et wier lo de Moment dat auszeprobéieren.  Et ginn immens vill Manéiere fir Focaccia ze preparéieren a mir hunn eis fir des Variant entscheet. […]

Blog

Mir baken eng Kiischtentaart

 

 Ech weess net ob dir d’Chance hutt stolze Besëtzer vun engem Kiischtebam ze sinn, op alle Fall hunn mir d’Chance datt d’Grousselteren dat vun sech kënne behaapten. An dëst Joer ass et e richtegt gutt Kiischtenjoer 🍒🍒🍒. Iwwerall laanscht d’Stroosse gesäit een se un de Beem hänken.  Sou hunn mir lo e gudde Kuerf voller […]

Blog

Mir bake Bengelbrout

 

 Dëse Weekend hunn mir decidéiert, e Camper ze lounen an an d’Éislek ze fueren. Mir hunn eis bewosst e méi klenge Camping erausgesicht fir mol sou richteg ofzeschalten. An dat ass eis op der Toodlermillen 🏕 och richteg gelongen. No kuerzer Rees si mer op enger wonnerschéiner, charmanter Plaz direkt un der […]

Blog

Mir baken eng Rubbarbstaart

 

 “Maaaamma, wat ass dat?”, huet de Filou mech deslescht am Supermarché gefrot an huet op de Rubbarb gewisen. Dunn hunn ech him direkt erzielt datt meng Boma ❤️ däers fréier am Gaart hat a mir heiansdo e grousst Blat ofgeschnidden huet fir ze spillen. Dat war dunn wärend enger gudder Weilche mäin Prabbeli an domadder sinn ech […]

Blog

Mir maache Weesstortillaen

 

 Wéi mir deslescht wollten Fajitas maachen, waren d’Tortillaen am Supermarché leider ausverkaf 🤷‍♀️. Dunn hunn mir kuerzerhand decidéiert, selwer Weesspanescher ze maachen. Et ass zwar e bëssen méi Aarbecht domadder verbonnen mee et ass een herno ëmsou méi stolz 💪, datt alles wat am Teller ass, homemade ass. An ech muss soen, d’Tortillaen waren richteg […]